Wellness
Wellness & Entspanung zu Tréier - Wellness & Entspanung wéi am ale Roum!
Dampbad, Sauna, Laconium. Eise Wellnessberäich ass ugeluecht wéi e réimescht Bad. D‘Beauty-a Wellness-Offerte am Park Plaza Tréier ass ganz op Entspanung ausgeriicht, Marmorsailen a réimesch Mosaiken suerge fir en exklusiven, mediterranen Ambiente – d‘Wellnesshotel zu Tréier.
Vun der Wellnessmassage bis bei d‘Kosmetik-Uwendung oder Beauty-Behandlung – Äert Wuelbefanne läit eis um Häerz – Äre Wellnesshotel zu Tréier!
Zäiten, wou op ass:
Méindes - Freideg: 15 - 21.30 Auer
Samschdes, Sonndes an op Feierdeeg: 9 - 21.30 Auer
Benotzung fir den Net-Hotelgaascht:
Gär kënnt Dir och als externe Gaascht eise Wellnessberäich a Verbindung mat enger Massage- oder Kosmetikuwendung am Wäert vun € 49,00 un benotzen.
Méi Informatiounen: Tel. +49 (0) 651 / 9947123
Folgend Wellness-Arrangementer bidde mir lech un:
Eise Wellnessberäich ëmfaasst am Ganzen 8 Themeberäicher – vum Laconium bis bei d‘Äisgrott.
Loosst Iech vun eisem spezialiséierte Personal ëmsuergen an entspaant Iech bei eisen ëmfangräiche Massageuwendungen oder bei ausgewielten Beauty-a Kosmetikofferten.
All Wellness-Offerten sinn och als bon-cadeau (Geschenkgutschäin) ze kréien.
