Urees
Urees mam Zuch:
Vu villen däitsche Stied aus gëtt et ganz gutt Zuchverbindungen op Tréier. Ob ICE-Verbindungen vu Berlin op Tréier, aner Direktverbindungen aus ville Stied oder och kammoud Uschlëss iwwer déi grouss Garen zu Koblenz, Saarbrécken a Lëtzebuerg.
Dei noste Gare beim Hotel ass den Tréierer Hauptbahnhof. Vun do aus erreecht Dir eis direkt mam Stadbus (Linie 3, Richtung Feyen oder Weismark) bis bei den Arrêt Nikolaus-Koch-Plaz direkt virumHotel (Fahrzäit: knapp 10 Minutten).
De Fousswee vum Hbf bis bei den Hotel ass an ongeféier 15-20 Minutten ze maachen:
Wann Dir aus der Tréierer Haaptgare erauskommt, da gitt Dir riicht aus, bis Dir d‘Wahrzeeche vun der Stad Tréier, d‘Porta Nigra gesitt. Gitt Dann duurch de Bou vun der Porta Nigra riicht aus eran an d‘Foussgängerzon, bis Dir den Hauptmarkt erreecht. Hei béit Dir riets an d’Dietrichstrooss eran an dann erëm lénks hannert dem historesche Frankentuurm of, fir dann e puer Meter weider riets scho virum Säitenagang vun eisem Restaurant CAESAR’s ze stoen.
De Stadplang, fir Iech besser ze orientéieren, kënnt Dir hei ukucken
Informatiounen a Reservatioun vun Zuchverbindungen souwéi Informatiounen zu aktuelle Billjeespräisser: Deutsche Bahn AG, Telefon: 11861 (bundeswäit eenheetlech)
Den Taxi-Präis vun der Haaptgare Tréier ass ca. 10 €.



