Park Plaza Trier

WLAN / LAN Gratis

Urees

Urees mam Fliger:

Airport Lëtzebuerg:

De Flughafen Lëtzebuerg läit ca. 30 km vun Tréier ewech. Vun do aus erreecht Dir eis mam Taxi (ca. 90 €), mat engem Mietauto oder kammoud mam Airportliner (12 €).
Fuerzäit mam Auto vum Flughafen Lëtzebuerg bis bei eisen Hotel: ca. 30-40 Minutten
Fluggesellschaft: Luxair

Flughafen Frankfurt/Hahn:

Vun hei aus sinn et ca. 75 km bis op Tréier. Déi bescht Verbindung op Tréier hutt Dir hei mam Mietauto, mam Taxi (ca. 90 €) oder mat Jozi-Reisen.
Fuerzäit mam Auto vum Flughafen Frankfurt/Hahn bis bei eisen Hotel: ca. 1 Stonn
Fluggesellschaft: Ryan Air, Iceland Express

Flughafen Saarbrécken:

Distanz bis opTréier: ca. 100 Kilometer. Déi Streck kënnt Dir mam Auto oder enger Kombinatioun aus Bus/Zuch maachen.
Fuerzäit mam Auto vum Flughafen Saarbrécken bis bei eisenHotel: ca. 75 Minutten
Fluggesellschaft: Air Berlin, Luxair, Hamburg International

Flughafen Köln:

Distanz vum Flughafen Köln op Tréier: ca. 180 Kilometer. Déi Streck kënnt Dir mam Mietauto oder och mam Zuch (Ëmsteigeverbindung iwwer Koblenz) an ca. 3 Stonne maachen.
Fuerzäit mam Auto vum Flughafen Köln/Bonn bis bei eisen Hotel: ca. 2 Stonnen
Fluggesellschaft: Air Berlin, Germanwings, Condor, Tuifly, Hamburg International, Lufthansa

Flughafen Frankfurt:

E läit vun Tréier ongeféier 220 km ewech. Dir kënnt mam Zuch (Ëmsteigeverbindung iwwer Koblenz) oder mam Mietauto eisen Hotel kammoud erreechen.
Fuerzäit mam Auto vum Flughafen Frankfurt bis bei eisen Hotel: ca. 2 - 2 1/2 Stonnen
Fluggesellschaft: ë.a. Lufthansa, Condor, Air Berlin a ganz vill international Fluggesellschaften

D’Donneeën iwwer d‘ Fluggesellschaften hu keen Usproch op Vollständegkeet!

**** Superior Hotel Park Plaza Tréier, Nikolaus-Koch-Platz 1, 54290 Trier, Telefon: +49 651 99930