Restaurant / Bar
Kreativ, regional Kichen an eisem Restaurant CAESAR’S!
Den Hotelrestaurant am Park Plaza soll Äre Restaurant-Tipp fir Tréier sinn – regional Spezialitéiten mat maartfrësche Produktenr an ausgesichtem Muselwäin. Bei schéinem Wieder erwaarden Iech kulinaresch Spezialitéiten an eisem romantesche Bannenhaff!
Notzt Är Mëttespaus, fir Äre wuelverdéngte Lunch entspaant ze genéissen. Dir kënnt och gären hei an d‘ Wochenausgab (Méindeg bis Samschdeg) vun eisem Quick-Lunch erakucken.
Net nëmme fir Feinschmecker bitt de Restaurant eise Sonndesbrunch un fir d‘ganz Famill, all 1. Sonndeg am Mount mat Live-Musik vum Feinsten!
Vum Ouschtermenü bis zum Silvestermenü –och op de Feierdeeg, verwinnt Iech den CAESAR’S am Park Plaza Tréier mat këstleche Menüen a stilvollem Ambiente.
Mordsspaass a Mordsgenoss versprécht den Dinnerkrimi – genéisst e 4-Gäng- Menü a fannt de Mäerder!
An eiser Bar mat internationalem Flair – ëmginn vu réimeschen Elementer – mixe mir Iech lecker Cocktailen fir de perfekten Ofschloss vun Ärem Dag!
