Park Plaza Trier

WLAN / LAN Gratis

Home

Park Plaza Tréier – Den Hotel op ee Bléck

Iwwerbléck:

De 4-Stären-Hotel Park Plaza Tréier heescht Iech „Häerzlech Wëllkomm“! Am Stadzentrum vun Tréier geleeën, no bei der Porta Nigra, dem Doum an der Musel, ass de Stadhotel perfekt fir Är Tagung oder eng Stad-Rees op Tréier, déi eelste Stad aus Däitschland.

Zëmmeren:

An eisem Designhotel logéiert Dir op historeschem Buedem – réimesch Mosaiken an de Foussbiedem begleeden Iech wéi Zeien aus Steen aus der Vergaangenheet duerch de ganzen Hotel bis an déi 150 elegant Hotelzëmmeren a Suiten mat gratis LAN.

Professionell tagen:

Fir Är Tagung zu Tréier stinn am Hotel 8 modern ageriicht Veranstaltungsraim mat gratis W-LAN fir bis 250 Persounen op méi wéi 700 qm zur Verfügung.

Restaurant & Bar:

Edel gräift och de Restaurant am Park Plaza den Design vum Hotel op: am CAESAR’S genéisst Dir regional Kichen op héijem Niveau. D‘Bar an der Wantergaartlounge luet an fir ureegend Gespréicher bei erfrëschende Cocktailen – am Summer och am sonnege Bannenhaff vum Park Plaza Hotel.

Wellness :

Mat der Vielfalt vun enger réimescher Therm erwaart Iech eise Wellness- a Beautyberäich. Sauna, réimescht Dampbad, Laconium, Äisgrott u.v.m. suerge grad esou fir Entspanung wéi fir Massage- a Kosmetik-Uwendungen.

Top 250 Tagungshotels
VDR Certified Business Hotel
VDR Certified Conference Hotel
ServiceQualität Deutschland
European Hospitality Quality
Dehoga ****S klassifizéiert
**** Superior Hotel Park Plaza Tréier, Nikolaus-Koch-Platz 1, 54290 Trier, Telefon: +49 651 99930